Éischt-Hëllef-Coursë fir psychesch Gesondheet

Fir Symptomer fréi ze erkennen a Betraffener ze ënnerstëtzen, ginn elo Éischt-Hëllef-Coursen ugebueden.

All Joer leiden 30% vun der Populatioun ënner Depressiounen, Angschtzoustänn, Suchtproblemer oder Psychosen. Déi Betraffe si sech däers awer net ëmmer bewosst oder wëssen net, wou Hëllef sichen. Ëmsou méi wichteg, datt d’Leit aus dem Ëmfeld Symptomer erkenne léieren a wëssen, wéi se Betraffener ënnerstëtze kënnen. Dofir bitt d’Ligue d’Hygiène Mentale elo Éischt-Hëllef-Coursen un.

Reportage ukucken