« Fir sech anzegestoen, dass een déi Krankheet huet, ass ganz schwéier »

Zimmlech opgereegt, mä iwwerzeegt a mat engem frëndleche Laachen, erzielt eis d’Christine Fandel hir Geschicht. D’Fra vun 38 Joer lieft mat Schizophrenie.

Viru gutt 15 Joer ass d’Christine Fandel wéinst hiren Halluzinatiounen a Wanvirstellungen eng éischte Kéier bei de Psychiater gaangen. Hei krut si Medikamenter verschriwwen, ouni genee gesot ze kréien, firwat. Aus deem Grond huet si dës och laang net ageholl, bis sech déi psychesch Krankheet verschlëmmert huet, d’Christine sech ëmmer méi isoléiert huet an dunn iergendwann huet missen hospitaliséiert ginn. Eréischt am Spidol gouf si mat der Diagnos Schizophrenie konfrontéiert. « Fir bis op dee Punkt ze komme, wou ee seet, ok, ech huele lo eppes wouer, mä et ass net richteg, dat ass e grousse Schrëtt an e laange Wee. »
Ganzen Artikel liesen