Méi iwwer psychesch Krankheete sensibiliséieren a Preventiounsaarbecht leeschten
13/10/2022
Obwuel Krankheete wéi Depressiounen oder Angschtstéierunge jiddereen treffe kënnen, sinn dës Sujeten nach mat Virurteeler verbonnen. Virun dësem Hannergrond organiséiert d’Ligue d’hygiène mentale d’Woch vun der mentaler Gesondheet, déi e Méindeg ufänkt. Déi drëtt Editioun steet ënner dem Motto “Meng Gesondheet ass och meng psychesch Gesondheet”.