Méi Jonker mat Suizidgedanken zanter dem Ufank vun der Pandemie

D’Corona-Pandemie an déi sëllege restriktiv Mesurë wierke sech bei ville Leit negativ op déi mental Gesondheet aus, dat ass bekannt. Grad déi Jonk dinn sech mat dëser Ëmstellung schwéier. Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun den Deputéierten Hansen a Lorsché ervir. Zanter dem Ausbroch vum Virus hei am Land hu sech nämlech méi Kanner a Jugendlecher bei deene vereenzelte Servicer gemellt, well si Angscht a Suergen haten, wéi nach déi Jore virdrun.

Den Artikel liesen