Mental Gesondheet vun de Leit zu Lëtzebuerg verbesseren
24/07/2023
En Dënschdeg gouf den nationale Plang fir mental Gesondheet vum Gesondheetsministère presentéiert.
D’mental Gesondheet vun de Leit zu Lëtzebuerg verbesseren, evitéieren, datt et iwwerhaapt emol zu psychesche Problemer kënnt an den Accès op en Traitement garantéieren – dat sinn d’Haaptziler vum nationale Plang fir mental Gesondheet, deen en Dënschdeg vun der LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert presentéiert gouf.